Musikanten

Wëllkomm

Merci dass der bei ons era kuckt.
D'Izeger Musek gouf 1920 gegrënnt a gehéiert zanterhier zum Duerfliewen. Haut besteet de Veräin aus enger jonker, dynamescher Equipe vu 50 Musikanten, déi ënner der Leedung vum Luc Rollinger bei all Manifestatioun dobäi ass a mat deenen adequaten Téin fir déi richteg Atmosphär suergt.
All Saison studéiert a presentéiert d'Izeger Musek dräi Programmer, e Chrëschtconcert, e Galaconcert am Fréijoer an e lëftege Summerprogramm. De Repertoire ass enorm a geet duerch all Beräicher vun der Blosmusek.

Museksall

De Sëtz vun der Musek ass am Gebai vun der Aler Schoul zu Izeg No. 3, op der Hesperstrooss. Hei profitéiere mir vun engem schéine Sall, deen d'Gemeng renovéiert huet an dee mir de 19. September 2003 aweie konnten. Mir prouwe regelméisseg freides um 19H30 zesumme mat de jonke Musikante bis 20H30. Duerno, déi net méi sou jonk bis 21H30. An duerno...

Merci un all eis Supporteren

Alles wier net esou cool ouni ons trei Supporteren. Hinne gehéiert onse Merci a mir freeën ons, wann esou vill Leit wéi méiglech sech mat ons zesummen ameséieren.

Musikschoul

D'Musek, wéi och aner Veräiner aus dem kulturelle Beräich, profitéiert vun der Musekschoul déi vun der Gemeng Hesper zesumme mat der UGDA ugebuede gëtt.
weider....

 

Conseil d'Administration

D'Fanfare Izeg a.s.b.l. gëtt vun engem Conseil d'Administration vun 10 Leit geleet. Deen ass ëmmer gutt beschäftegt fir déi sëlleche Manifestatioune vun der Musek ze organiséieren an ze finanzéieren.
weider....

Frënn vun der Izeger Musek

Zanter 2003 huet d'Izeger Musek duerch d'Grënnung vun de Frënn vun der Izeger Musek eng staark Ënnerstëtzung krut.
Si hëllefen der Musek wou se kënnen. Fir hier Aarbecht si mir dankbar. Mir wënschen hinne weiderhi vill Succès an ons zesumme vill flott Stonnen

Izeger Heebléiser

Heebléiser zu Greiweldeng

D'Strëpp vun der Izeger Musek spillt op deene verschiddenste Manifestatiounen ugepasst a flott Stëmmungsmusek.

Aktualiséiert:

 
 
Fotoe vum Chrëschtconcert 2011
 
Fotoe vun der Generalversammlung
 
Fotoe vum Buergbrennen 2012
 
Fotoe vum Fréijorsconcert

Annonce

Atelier LignaspaceRuppert dépositaire
Andy Bausch iwwer d'Izeger Musik op FLICKR